Makerkoffer Formatioun

An dëser Formatioun léiert dir déi 3 Makerkoffer kennen: Coding, Wearables an Elektronik. Dir kritt de Makerkoffer erkläert a wéi d'Aktivitéite kënnen ofgehale ginn.

All d'Aktivitéiten si fir Kanner ab 8 Joer entwéckelt ginn wou sie nei Kompetenzen (z.B. Emgang mat Handwierksgeschier) léiere kënnen.

Dës Formatioun ass gratis an riicht sech un Educateuren déi an enger Maison relais schaffen. Dir braucht keng Virkenntnesser, just Virwëtz an Interessi.

D'Formatioun fënnt den 16. Oktober vun 9 bis 17h (mat enger Paus vun enger Stonn) am Makerspace am Forum Geesseknäppchen statt.

No der Formatioun kënnt dir ären eegenen Makerkoffer mathuelen :)

Fëllt we.g. den Formulaire ënnendrënner aus fir iech unzemellen.


Kontakt:

Tel: 247-86486

Mail: