Coding fir Kids

Wärend 1 Trimester kanns du op eng einfach Aart a Weis léieren, deng eege Videospiller z'entwéckelen.

All Dënschde weist de Patrick aus dem Makerspace Base1 & Code Club dir wéis du dat mat der Computer-Sprooch “Scratch” an dem Microsoft "MakeCode Arcade" realiséiere kanns.

Hei sinn e puer Beispiller déi mir programméiere wäerten: en Zeechenentrickfilm, eng Gespensterjuegd, e Bootsrennen an en Dino Spill.

Wou? Forum Geesseknäppchen

Wéini? Dënschdes nomëttes vun 15-17 Auer

Ween? Kanner tëscht 8 an 12 Joer

Sprooch : Lëtzebuergesch

Den 21. September um 15:00 Auer geet et mat enger Info-Sessioun fir Kanner an Elteren am Forum Geesseknäppchen lass.
Du brauchs keng Virkenntnisser a keen eegene Computer, just Virwëtz a gutt Laun :)
D’Aschreiwung ass gratis. D’Plaze sinn op 10 Kanner limitéiert.


Mell dech mam Formulaire ënnendrënner un!  

Mir respektéieren déi offiziell Sécherheetsvirschrëften wat de COVID-19 ugeet. De Sall gëtt reegelméisseg gelëft, d'Kanner kënnen sech am Raum verdeelen, sollen eng Mask unhunn an hunn d’Méiglechkeet sech d'Hänn reegelméisseg ze wäschen.


- ENGLISH -


For 1 trimester you will learn in an uncomplicated way how to develop your own little computer games.

Patrick of the makerspace Base1 & Code Club will teach you every Tuesday how to program your own little games using "Scratch" and Microsoft "MakeCode Arcade".

Here are some examples of the games that you will code: an animation, ghostbusters, a boat race and a dino game.

Where? Forum Geesseknäppchen

When? Tuesday afternoons from 3 to 5pm

Who? Kids between the ages of 8 to 12

Language: Luxembourgish

During the first session on the 21st September at 3pm, the participants and their parents will get all the information they need for the course.

You do not need any experience in coding nor a computer. Please bring your curiosity and good mood! :)
The registration is free of charge: We have 10 spots.


Register using the form below.

We are respecting the current COVID-19 safety measures. The room is aired regularly, the children have enough space to keep their distance, masks are mandatory and everybody can wash their hands.